Reglement

Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Ënnert Reglement oder reglementareschen Akt versteet een all Akt, dee vun enger ëffentlecher Autoritéit opgesat gouf an dee generell an netperséinlech Rechtsreegele begräift. En Akt fält an d'Kategorie vun de Reglementer, wann e sech un eng net definéiert Zuel vu potentielle Persoune riicht, déi net individuell ernimmt sinn. E Reglement kann sech awer op eng oder méi Persoune bezéien, déi an enger abstrakter Form bezeechent sinn.

Sou zielen der administrativer Geriichtsbarkeet no z. B. als generell an als netperséinlech:

Op der aner Säit falen individuell Akten déi vun engem Autoritéitsorgan geholl ginn a sech op bestëmmt Situatioune bezéien, net ënnert d'Reglementer. Se behalen en individuelle Charakter, och wa se sech op eng Rei vu bestëmmte Persoune bezéien. Dat zielt z. B. fir en Arrêté iwwer d'Nominatioun vu Membere vun enger Kommissioun.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy