Euro

Blo: Länner vun der Eurozon (20)
Giel: Länner, déi den Euro mat offiziellem Accord agefouert hunn (4)
Mof: Länner, déi den Euro vu sech aus als Wärung agefouert hunn (2)
Rout: aner Memberlänner vun der EU (ouni Euro) (5)
Orange: Länner am WCM II (2)
(Stand: 1. Januar 2023)

Den Euro (Iso-Code: EUR – Symbol: €) ass d'Wärung vun der Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun. 1 Euro ass an 100 Cent ënnerdeelt.

Den Euro gëtt et vum 1. Januar 1999 un als offiziell Buchwärung. Scho virdrun, de 14. Februar 1997 war allerdéngs schonn en éischten Emprunt an Euro, e Virleefer, op der Lëtzebuerger Bourse zur Cote zougelooss ginn. Euro-Billjeeën a Mënze koumen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf.

Den Euro gëtt duerch de "System vun den Europäeschen Zentralbanke" verwalt, dee sech aus der Europäescher Zentralbank (EZB) an den Zentralbanke vun der Eurozon zesummesetzt. D'Europäesch Zentralbank ass als eenzeg kompetent, Decisiounen, déi den Euro betreffen, ze huelen.

Den 1. Januar 2021 ware 26 468 962 663 Billjeeën am Ëmlaf, am Wäert vun 1 434 506 526 830 €, an 138 068 816 079 Mënzen am Wäert vun 30 407 933 257 €, am Ganzen deemno eng Zomm vun 1 464 914 460 087 €[1].

  1. Banknotes and coins circulation. ecb.europa.eu.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy