Evolutioun (Biologie)

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Biologesch Evolutioun besteet aus de Verännerungen, iwwer Generatiounen ewech, vun de geneetesche Kennzeeche vun de Liewewiesen. Duerch dës Verännerunge kënne sech d'Populatioune vun den eenzelen Aarten un hire Liewensraum upassen; och kënne sou eng oder méi nei Aarten aus enger Stammaart entstoen. D'Evolutioun erlaabt et also d'Biodiversitéit op der Äerd z'erklären.

Eent vun den Ziler vun der Evolutiounsbiologie ass d'Rekonstruktioun vum zäitlechen Oflaf vun den eenzelen Entwécklungsniveaue vun den Organismen. Dat féiert zu engem hypothetesche Stammbam vun den Organismen. Dobäi ergi sech Erkenntnesser iwwer d'Gesetzméissegkeeten an d'Mechanisme vun der biologescher Evolutioun.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy