Geographesch Koordinaten

Weltkaart mat Linne fir geographesch Breet a Längt an Eckert-VI-Projektioun

Mat de geographesche Koordinaten (geographesch Breet a geographesch Längt) kann een d'Lag vun engem Punkt op der Äerd bestëmmen. D'Äerd gëtt dobäi an 360 Längegrade souwéi an 180 Breedegraden opgedeelt. Längegrade verlafen duerch Nord- a Südpol, Breedegrade parallel zum Equator.

Geographesch Koordinate ginn dacks am Sexagesimalsystem uginn, d. h. 1 Grad ass ënnerdeelt a sechzeg Minutten, 1 Minutt nees a 60 Sekonnen.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy