Holland

Dësen Artikel beschäftegt sech mam Land Holland (dt.: Niederlande). Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Holland (Homonymie)
Nederland (Koninkrijk der Nederlanden)

Hollännesche Fändel

Hollännescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Je Maintiendrai
Offiziell Sprooch: Hollännesch, Westfrisesch an der Provënz Frisland, Englesch op Saba a Sint Eustatius, Papiamento op Bonaire.
Haaptstad: Amsterdam
(Regierungssëtz: Den Haag)
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Willem-Alexander
 • Premierminister: Dick Schoof
Fläch: 41.543 km²
 • Dovu Waasser: 18,41 %
Bevëlkerung: 17.811.291 (1-1-2023)[1]
 • Bevëlkerungsdicht: 429/km²
Onofhängegkeet: vu Spuenien
23. Mee 1568 (ausgeruff)
30. Januar 1648 (unerkannt)
Nationalfeierdag: 27. Abrëll
Nationalhymn: Het Wilhelmus
(Lauschteren)
Wärung: Euro (EUR)
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .nl
Internationalen
Telefonsprefix
:
+31
Provënz Kaart
Héicht Kaart

Holland ass den europäeschen Deel vum Kinnekräich vun den Nidderlanden, dat nieft Holland nach aus den dräi Iwwerséigebidder Curaçao, Sint Maarten an Aruba besteet. D'Iwwerséigebidder Bonaire, Saba a Sint Eustatius gehéieren zu Holland. An der Ëmgangssprooch ass mat Holland dacks - och hei - dat ganzt Kinnekräich gemengt.

Holland ass eng parlamentaresch Demokratie ënner engem konstitutionelle Monarch, am Nordweste vun Europa. Et ass am Norden a Weste vum Nordmier begrenzt, am Süde vun der Belsch an am Oste vun Däitschland. Et ass ee vun den am dichtste besidelte Staate vun der Welt.

  1. CBS: StatLine

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy