De Wanter ass eng vun de véier Joreszäiten déi et an den temperéierten Zone vun der Äerd gëtt.
Jee nodeem een op der Nordhallefkugel oder Südhallefkugel ass, gëtt tëscht dem Nordwanter oder dem Südwanter ënnerscheet.
Duerch d'Rotatioun vun der Äerd ëm d'Sonn verännert sech den Zenitstand vun der Sonn tëscht dem südlechen an dem nërdleche Wendekrees, an doduerch kënnt de Wanter all Joer eng Kéier op all Hemisphär erëm.
Astronomesch gesi fänkt de Wanter op der Nordhallefkugel mat der Wantersonnewend un, dat ass da wann d'Sonn am Senkel iwwer dem Südleche Wendekrees steet, an d'Deeg am Norden déi kierzt vum Joer sinn.
De Wanter fänkt deemno un:
Duerno ginn d'Deeg erëm méi laang an de Wanter hält mat der Equinoxe vum Fréijoer op, d. h.:
De Wanter dauert 89 Deeg.
Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn ëm 1,7 % vun der idealer Kreesbunn ewech geet sinn déi véier Joreszäiten net gläich laang. Den Nordwanter ass well d'Nordhallefkugel méi no zur Sonn ass (Perihel den 3. Januar) och liicht méi mëll.